An der cuisine populaire
klabbren Dammen mat den Är.
An de Pâne brozzelt d'Fett,
't richt no Brôt a Kotelett,
5't gét e Gallem dûrech d'Loft,
E'meisjes- a Kirmesdoft.
Dén era könnt set: «Oho!
Wat ass lass? Wat hescht dat do?»
Abbé, Buschtges Metti huet
10Sei Katriniche bestued.
A fir d'Molzecht, gudd soigne'ert
Zwielef Plâtze reserve'ert. -
D'Presidentin sét: «Dir Dammen,
Mir sin allegurte Mammen;
15Entre nous, la pauv' petite chatte,
d'Mariée brengt e Bébé matt.» -
«O, we' le'f, hun s'all gelâcht,
so, we' hierzeg, we 'apart!» -
An se ko'men, d'mariée vir,
20Fleur d'oranger op der Stier;
't war er net ganz an der Rei,
De' nei Onschold mecht se schei.
Niewent hir as hiren Nick,
Eng Grötz po'ckeg owel chic;
25Pomade'ert a frise'ert,
hannen d'ganz Akaul rase'ert.
Hannendrun eng éler Damm:
Buschtgens Mett an d'Schwe'ermamm.
Dir kennt secher d'Lore Joss -
30d'Madame Steines en secondes noces.
Wat könnt net nach alles no?
D'crème vum Pafendall war do:
Clements Frin a Morbi's Heng,
Dappe Philippe, Raache Jäng,
35Muppa's Nick a Jauka's Te'd,
Weibels Tun a Lore Gre't,
d'Pilos Box an d'mocklech He'ss,
d'stohle Broscht an Haros Se'ss.
Dat sötzt alles an zwo' Reihen
40Durchernén, we' d'Karte leien. -
Ganzeg önnechen hir Gro'ss,
Mat dem Puppelchen um Scho'ss.
'T ge'f iech vleicht interesse'ren
Eppes vum Menu ze he'ren.
45Abbé, Zopp mat Kniédelcher
A fir Dessert Fliedercher.
Durtöscht Hirschko'h en tortue
An e Maquereau Belle-Vue.
'T huet en alleguert geschmâcht,
50s'hu gedronk, geschwat, gelâcht,
An aus Mutwëll oder Dank
Kruten si sech mam Gesank.
Mat der «Hémecht» gong et un,
Mé durno huet Weibel's Tun
55Der e puer zum beschte gin,
Dass iech d'Hor zu Bireg stin.
D'Pilos Box, de' Nourice ass
Le'sst du och e Couplet lass
Jösesmarjajo'sebett!
60Datt é Watt am O'er hätt!
D'Presidentin set: «Dir Dammen,
Mir sin alleguerte Mammen,
An hu muneches gehe'ert
A gesin, a beigele'ert,
65't kann én och, soll ech et son,
Schon e montert Wuert verdron.
Mé dat do ass onerhe'ert.
Ass da kén do, den se ste'ert?
Laf eng den Här Léon sichen…
70('t ass de Petter vun der Kichen).
Den Här Leon könnt a sét:
Dat ass jo elauter Fréd;
Wat fir schmotzeg Te'n erschalen
Hei dûrch ons gehélegt Halen?
75Wann der net gleich ro'eg sit,
Wéss ech net wat iech geschit… »
Meng der t'hätt effet gemâcht?
Gur ké Fatz, d'Gesellschaft lâcht:
D'stohle Broscht rift: «Jé, jé, jé,
80Sief verstänneg, schum dech, Lé,
Komm heihin, da krist de Ro'h
Zönter we'ni bass d'eso?» '
«Wöllst eng Bés», jeitzt d'mocklech He'ss;
Mé de Buschtgens Mett gött be's:
85«Dât elo si mir sche' Sâchen
Duerf en Armen net me' lâchen?
Hut der nun ons Knepp am Sâk,
Dommen, agebilte Pâk?
É Frang fofzeg op de Kapp,
90An d'Gefre'ss war völleg knapp,
t schengt, den ârme Leit hirt Geld
Huet ké valeur op der Welt. -
Lôss mer all, lôsst kén neischt stoen,
Bei de Possamai goen…»
95A mat lâche, juxe, sangen,
Jeitze, peifen, danze, sprangen,
Gét de Cortège nés dûrch d'Dir,
D'Mariée mat dem Nicki fir,
Buschtgens Mett mat Lore Jos
100(d'Madame Steines en secondes noces),
Clement's Frin a Morbi's Heng,
Dappe Philippe, Raache Jäng,
Muppas Nick a Jaukas Te'd,
Weibels Tun a Lore Gre't.
105D'Pilos Box an d'mocklech He'ss,
D'stohle Broscht an Haro's Se'ss.
D'Gro'ss blo'f nach eng Weilchen do,
Well de Klenge so'tz um Po.