En Evenment, eng Attractioun,
eng mondaine Manifestatioun
as, an der Stad fir jong an al,
eng Hochzeit an der Kathedral.
5Wat do sech alles dréckt a reift,
de Virwëtz durjernaner dreift!
Echt demokratesch, ongenéiert
as jidder Stand representéiert.
Et kann een Hären an och Dammen 10gesin op Still a Bänke klammen.
Der allerfrömmster, déi sech soss
Vrum Alter dieble mat Genoss
lafe mam Stull vu fir bis hannen
fir nëmmen eng gutt Plaz ze fannen 15wou een eng Grëtz cachéiert steet
an engem iewel näischt entgeet
Et si Modisten do a Bitzen
déi gire Modelle stibitzen;
an nët méi domm wéi d'haute couture 20koum Schneitze Philippe fir d'Coiffure.
Ambrazech houfreg Stodenten
ma jonge Kanner Fismatenten.
Wat do geschwat gët a gedun,
gefrot, geäntwert a gelun, 25gelaacht, gewénkt a minaudéiert,
geluusst, geblënzelt a flirtéiert. -
Mais d'Haaptgespréich natiirlech as
jo d'Houchzäit, déin ët pénktlech as.
"Soll d'Dote nët beienaner sin?" 30freet eng, "wat mengs de Josephine?"
"Ech menge Mimm" hëlt déi er of,
"Du weess méi wéi en doudegt Schof".
"Ech weess nët méi, wéi vill Leit wëssen.
deen aarme Jong muss sech fett këssen." 35"Hi, hi, hi, hi", laacht eng amie
"am Enn kritt d'Mimi e Génie,
well fir bei him sech fett ze këssen
muss een sech schon ze huele wëssen.
Mais mat de Suen hut der Recht, 40mäi Papa sot, se sténge schlecht."
"Mäi Gott", fällt du eng aner an,
"Da fron ech mech, wéi si et man,
séng Brautschong huet et bei dem Schmit
an d'Toilette bei der Breiesch kritt'". 45"Wei si et man, ma du bass gutt,
wat krut dann d'Störring fir den Hutt?
Fro den Namur weéi si et man
an d'Bettinger, da méchs de An."
Bei engem Steil stin zwéi Kamroden 50Vum Bräitjemann sech ze beroden.
"Ja", seet deen een, "dat nennt ee Gléck
Well wat hie matbréngt as nët déck.
'T as d'al Geschicht, du weess, vum Mann
deen d'déckste Grompre kritt um Bann." 55"Dat", laacht deen aneren, "sees de gutt,
mais ënner ons, de Franz huet Mutt.
Séng Schwéiermamm 't as stadbekannt
as d'uregst Louder aus dem Land. "
Eng eler Joffer as erféiert, 60se seet zou hirer Nopesch: "Héiert,
Dir stit méi no, kënnt Dir verstoen
Wat déi zwéin du vum Fini soen?"
"O, dat as d'mannst", pëspert déi aner
"ech denken un d'Amerikaner; 65't as muenches hautdesdags vergiess,
mais d'Fini war jo wéi besiess."
"Jo, 't as vergiess, mais 't as eendun,
soll d'Kand da keng deer Naupen hun?"
"Dir frot mech dat, ech kann näischt soen, 70da wär et aus der Aart geschloen.
well och säi Papp…" se gi gestéiert,
de Cortège huet sech grad forméiert.
Vir zwee kleng Kanner, 't as e baang,
matt "neen, wéi hierzeg", gin s'empfaang. 75An hannert hinnen, bilt sech séier
dat allgemeng bekannt Spaléier.
D'Gemauls léisst zwou Minutten no:
gelt, 't as zevill ze kucken do.
Du geet et huurteg nammel lass, 80wësst dir wat Trommelfeier as?
A Marie hei, a Mimi do,
vu siwe Säite Fro op Fro.
"Hei Bücken Triny, wat e Kand!
ech hätt et jo bal nët erkannt. 85'T as léif, déi rosa Crêpe de Chine."
"Wanns de nët gees, 't as Popeline."
"Nees so, wien as déi grousseg do
an deem verblatzte Kimono?"
"Déi mat deer Potschämbchen um Kapp? 90Dat as eng däitsch, eng Madame Dapp.
Si wor emol beim Josephine,
't muss séngem Mann séng Cousine sin.
Du gleefs nët wat déi do kann iessen."
"So Lu, as hien nët fir ze friessen? 95kuck, wéi en un dem Schnurri zéit,
an d'Hännsche béit, an d'A verdréit.
"Ween as et?" "Mais se hu gesot
't wär e franséischen Affekot;
déi kleng dohannen as seng Fra, 100le dernier cri de Longwy-Bas.
"'T as alles schéin a gutt, mäi Kand,
deen Hutt eleng, as allerhand;
e Pangkoch, mëtten op der Stir,
mat véier Kornischonge vir." 105"So Mimm, weess du nët wien dat as,
déi blond do iwer, grad en face,
"huet nach ewell keen iwelt Kleed
an och en Hittchen, deen er steet."
"E, e, 't as sicher eng vum Land 110dat Kleed mat deem gefronzte Band
an dene Volangen, wéi Täschen
as garantéiert vun der Peschen."
"Emil, do ënne steet e schéinen,
deem wëllt ech mur mäi Kapp nët léinen. 115Dee roude mat deem platte Col
En huet schon e pur Pätt geholl.
Deen do, se son e wär vun Arel."
"Certainement, 't as Bridaines Charel."
"Merci, Madame ech hat geduecht 120't hätt een e matt vun Igel bruecht."
"So Lu, hir Mattant Robinet,
Wat sees de nun, "en décolleté" -
as dat eng Toilette, sin dat Hor,
fir eng Persoun vu 60 Jor ? 125Si kënnen houfreg sin op d'tante
matt hirer krepéngs Permanente."
Op eemol as et roueg gin,
d'Käpp gin no enger Richtung hin,
't kritt alles wei eng Héngerhaut 130an honnert Stëmme pëspren "d'Braut".
Wäiss schwieft eng Wollek duerch d'Loft
en Dram vu Gléck, en Hauch, en Doft.
Se halen all den Otem an
a spiren Tréinen an den An. 135A vrun deer zaarter wäisser Wollek
erziddert dat beschasse Vollek.