'T war mir net schlecht, mé all meng Frönn,
De' hu gesot, ech ge'f ze dönn;
'T breicht é mech nömmen ze bekucken,
Ech ge'f bestömmt un eppes brucken. -
5Am Ufank mâcht der iech neischt draus,
Op emol get de Schwéss iech aus;
Der tâscht iech selwer hei an do,
A spiert am Enn och Peng am Mo.
Da si der zeideg, wiert iech net,
10Well dir entgit dem Docter net.
Mir ass et grad eso' ergâng,
Wat hun ech Ängschten ausgestâng!
Bis datt ech, o'ni Stréch a Sto'ss,
Bei him am Wartezömmmer so'z. -
15Dir kennt dé Raum jo, oder net?
En Dösch mat Bicher an der Mött -
Revuen de' keng Decklen hun,
An Zeidongen vum Jor virdrun! -
D'Patienten kucken s'och net vill;
20Se sötze ronderem op Still,
Zo' zwé an drei, am Sall versprét,
A schwätze lues vun hirem Léd.
Ech selwer so'tz töscht enger Fra,
Mat enger decker Knupp beim A
25An engem Mann, de sot en hätt
All Nuets eso' e Bass am Bett,
E misst sech krâtze bis op d'Blutt,
Well e'schter deng et em ké gutt. -
D'Fra matt der Knupp, wollt wösse wo',
30Se go'f geruff, d'ko'm net derzo'. -
De Stull hält gleich eng aner an,
Mir si gerötscht vir Plaaz ze man;
Se sötzt do dempech, déck a steif,
An d'rubbelt er am Önnerleif.
35Se keicht, se seifzt, se sét: «O Mamm!
Ech sin am Schwess, ech krut kén Tram.
Wie wéss, sét sie, wat dat nach get,
Ma weider brengen ech et net. -
'T ass traureg wann én eso' ass, -
40Ech gin der falscher Loft net lass.» -
De Mann mam Bass wosst huerteg Rot:
Seng Fra wär grad eso' geplot,
Abé, e Gliesche Kre'schhelswein
Mat Baldrian, an Terpetein, -
45Me' go'f ech leider net gewuer,
S'hu mech gesto'ss, et war mein Tour.
Nu lauschtert we' et mir ergong,
We' ech virun dem Docter stong:
«Bonjour, mei Frönd», sot hie ganz le'f,
50A wo' et mer da féle ge'f? -
Ech sot, Här Docter, dat ass d'Fro,
Ass et de Kapp, ass et de Mo?
Mam Appetit kann ech net klon
A ge'nt den Duscht ass neischt ze son,
55Ech hun neischt we' an neischt geschwoll,
Ech schlofen, we' ech schlofe soll,
Sche' ro'eg, propper an der Mött,
Ech ronken, mé ech struewelen net.
Mé, wat mech alt onro'eg mecht
60Dir wösst vleicht wat derhannert stecht,
Ech muss, 't ge'f e mech derfir henken,
Ganz oft u Fierkelsjelli denken.
Durop, dat hun ech gleich gesin,
Huet den Här Docter eppes gin.
65E kukt ganz ierscht, e rempelt d'Stier,
A brengt eng Série Froe vir:
We' al ech wier, we' gro'ss, we' schwe'er.
Op ech ge'f lues gon oder se'er.
Op ech ge'f Sport a Musik maachen,
70A wat fir Tubak ech ge'f raachen,
Op ech gèr mor e'ss oder fett,
A wivill Kanner dat ech hätt. -
Mei Numm a Virnumm wösst e gär,
An op ech extra ködlech wär?
75An op ech et a menger Jugend,
Och streng gehal hätt mat der Tugend.
We mir de Walsheim da gefe'l,
Wat ech vun Hitlesch Adolf he'l -
Jé - 100 Froen an nach eng,
80Et go'f mer schwabbleg, 't go'f mer kleng,
Ech wo'sst net me' wo' an an aus,
Hei set de Kèrel, «dut iech aus». -
Ech sin erschreckt, ech duecht, oho!
'T ass jo neischt drun, mé dat elo, -
85Du ziels och knapps zu dene Pruden,
'T leit net an dengen Habitüden;
Mé hei as weider neischt ze man,
D'hues A gesot, da fann dech dran. -
Do lo'g ech, blank ewe' e Fösch,
90Op engem weissen Emailsdösch.
Du gong dann du d'Getriewels un, -
Et go'f mer hallef schlecht dervun,
E friet, en tâscht, e klappt, en dréckt,
Bal stong e riecht do, bal gebéckt.
95Da klappt e se'er, dann nés lues,
E kukt mer duerch den Hals an d'Nues.
En hält mer eng kleng Lamp bei d'A,
Ech muss Hihi! man an Haha!
E lauschtert duerch eng kleng Spektif,
100De' hält e richt, an dann nés schief.
E klappt mech vier op d'Scheif vum Kne'
A frot all Ke'er: det et we'!?
Ech muss ganz de'f den Otem ze'en
A schliesslech op de Bauch mech dre'en.
105En huet alt lues fir sech geschwaat,
Ech duecht bei mir, «da kuck dech saat».
Mé war de' Seit em me' bekannt,
An durfir manner intressant,
E fong jo nés ze klappen un,
110Mé sot geschwönn: «Dann dut iech un».
Wat war ech huerteg nés am Lepp,
An hanner menge Gilisknepp;
'T hätt hie jo konnt, wie wöllt dat son,
Nés op en neie Virwötz plon. -
115Den Docter wenkt ech soll mech setzen
A fängt gele'ert un ze schwetzen.
«Dir sit, sét hien, 't ass garante'ert,
Vegetativ stigmatise'ert.
Dir hut eng schwe'er Hipophysis
120Mat endokréner Paralysis
Vum Diaphragma, dé verke'ert,
Vasomotoresch reage'ert.
D'Hierz, d'Mölz an d'Longen sin normal,
Me d'Liewer tonesch a mitral,
125Dat könnt, grad we' är Jellisgouen.
Vun infantile Residouen,
De' önnen an dem Dickdarm sötzen,
An iech de Protoplasma hötzen.
Am Fong könnt dir ganz ro'eg sin,
130Mé d'Sâch de' wöllt soigne'ert gin.
Dat e'scht wat ech iech do verschreiwen,
Ass eppes vir iech anzereiwen;
Zwémol des Dags, bal hir, bal dur,
Eng giedlech Plaaz, 't ass éndu wur.
135Da krit der nach eng Medezin,
Mat Dröpsen, de' iech repsen din;
Dir gléwt net wat dat gutt as, wann
E Mann neischt anescht mache kann.
Am iwregen, iesst wat der wöllt,
140Drenkt alles wat den Duscht iech stöllt,
Maacht mat der Arbecht net ze se'er,
Schafft, wann der musst, mé net all Ke'er.
Apropos! 't ass mer échappe'ert,
Ze fron we' dir iech occupe'ert.» -
145Ech duecht o Mamm, lo wösst e gär,
We' et mat dem Portemonni wär;
A mat dem demütegsten Air
Sot ech «ma simple fonctionnaire». -
Du laacht den Docter: «O mé dann,
150Sot dat dach gleich mei le'we Mann,
Da kann ech iech, als bescht Medezin,
Och nach e klenge Congé gin -»
An ier ech richteg «Ei!» konnt son,
Hat hien och d'Formule schon do ston:
155«Da der Patient zu Bleichsucht neigt,
So ist ein Urlaub angezeigt;
Drei Monate spazieren soll er
Detur, signetur Dr. Roller.» -
Nu sötzen ech dohem ze brucken,
160De groen Himmel unzekucken,
Wat mecht é, wann et ömmer rént,
Mat engem congé von drei Mént?