Jump to content

Am Park

From Wikisource
393567Am ParkAuguste Liesch

Am Park



E Po'fank[1] an e Möschemännchen[2]
Sinn an dem Park op enger Denn,
Mat enger decker, scharzer Mierel
Erömgesprong, et go'f ken Enn.

5Eng Fréd, en Zodi sonner Gleichen,
- Eng Stënnchen vrun dem Schlofegohn -
A wor é ro'heg, huet den anren
Nach hurteg eppes misse son.

Se hu geschwat vun hiere Résen,
10A wat se alles do gesin,
Bis datt eng Stömm vun önne grommelt:
«'T ass Zeit, dass d'Kanner schlofe gin.» -

Se kucken allen drei verwonnert:
Et war eng Benk, de' önne stong,
15An, trotz der neier, grenger Faref,
Entschiede schon an d'Johre gong.

«Wat héscht dat? rifft de Möschemännchen,
Wat wöllt de' Tulipant do nés?» -
An d'Mierel sot: «S'ass sicher rosen,
20Dass sie neischt ze verziele wés;

Mir hun ons ömgesin, mir aner,
Mir hu gelieft a Saus a Braus,
Mir sin dûrch d'hallef Welt gewandert,
Si ko'm net aus dem Park eraus.» -

25Du gong en Dauschen durech d'Blieder,
(Et klengt we' Spott, an iewel le'f):
«Nén, set d'al Benk, 't ass fir ze lachen, -
Dir Kanner, wann ech schwetze ge'f !»

  1. Poufank: e Sangvull, dt: Buchfink
  2. männleche Spatz