Summermurgen; d'Sonn gét op;
Alles huet op sie gewârt.
Aus der Klo'schterpûrt ervir,
4Schwiévt èng Nönnchen dûrch de Gârd.
Bei de Ro'se bleiwt se stôn,
Drâmverlur îrt hire Bléck;
Enger «Druschki»[1] hirt weisst Hierz
8Kösst verle'ft é Peiperléck.
Kösst am Spillen Blâd fir Blâd,
Kösst a kösst an èngem drun,
Kösst sech midd a kösst sech sât,
12Hiewt sech op a fle't dervun.
D'Schwester kuckt dem Lîchttank no,
Tre'nen kommen hir an d'An;
We' kann dach é Peiperléck
16Enger Nönnchen Hierzléd mân?