Ech war d'lescht an enger Sëtzong
Vun dem Conseil communal,
Burgerméschter sin a Scheffen
Schengt mer d'Fréd nach lâng net all.
5Dat Geschnëss an dat Gebraddels,
Onverstand a schlechte Glaf,
Én dé bierelt we' en De'er
An dén anere stellt sech daf.
Op all Äntwert siewe Froen,
10An eng Frechhét bei all Fro,
An en To'n, et ke'm keng Wäschfra
A keng Vierkéfesch me' no.
«'T si», sét én, «nes Schwengereien
Am Conservatoire geschitt,
15An ech frôn fir wat datt d'Joffer
Dennewatd de' Plâtz net kritt?»
We' en he'ert, datt de' Joffer
Den Examen net bestâng,
Lâcht en: «S'ass net we' de' aner,
20Virdrun bei de' Häre gâng. -»
«O ech fléten, rifft sein Noper,
Ob d'Examen, nondikass!
'T soll dem Schefferôt genügen,
Datt é Letzeburger ass.
25Jo, Här Meyer, dir kënt lâchen,
Zielt eso' e Kand dann neischt? -
An sei Papp an seng Geschwëster,
An eng Grönnesch Mamm, de' kreischt?
D'Hemecht gét ons iwer alles,
30Spille ka jo jidder Lomp; -
D'Plâtzen sin dô fir ons Kanner,
Mais bei iech ass Belgien d'Tromp.
Wivill Belscher kruten nammel
Bei dem Lycée d'Préférenz? -
35'T ass scho gutt, mer wössen alles -
Frôt den Dilleméschtesch Frenz.
Jé, jé, jé, de' âl faul Rieden ,
Soumissio'n wär Soumissio'n.
Ah! eso', e wor ze deier,
40Brauch e Mann da ké me' Lo'n?
Hätten d'Leid all är Gehälter,
Ge'f ké Mensch sech me' beklon.
Jidderén hëtt d'Täsch voll Souen,
Fir bei d'Médercher ze gon. -
45Wât? Ech soll net frech gin, sot der,
Ech wär net am Wirtshaus hei.
'T as ärt Gleck soss ge'f et rabblen, -»
«Bravo Necke!! Mâch derbei! -»
«Sin ech hei net Volksvertrieder?
50Schwetzt net d'Vollek dûrch mei Mond?
Dât wierktätegt Staadter Vollek
Aus dem Pafendall a Grond.
Dârfe mer da vleicht erfueren,
Wât de Krematorium mécht;
55Ob en det Jor nach gebaut get,
Oder wât derhannert stecht.
Ah! dat passt net an ärt Spillchen;
Mir gesi scho wuer et gét -
Dât ass mir égal, wann d'Frô net
60Op der Tagesordnung stét.
Op de' Affekotekniffen
Fällt en ânren net eran;
Schliesslech dârf én net me' schwetzen
A ké Pâf me' rose mân. -
65Ma nu grad, well wann s'et he'ren,
Irgeren si sech greng a blo;
Durfir ass dach, menger werrech,
D'Frô vum Krematorium do. -
Wat sot dir, Här Federmeyer?
70Äre Papp war jo en Dapp.
Letzeburg de Letzeburger!
Vive la France! an domat ab.» -
Eso' gét dat zwo' drei Stonnen,
'T frét e sech, sin se verréckt?
75Mé nu lauschtert - 't ass de Comble!
All de Quatsch get nach gedréckt.